Geschichte

Wéi de 4. Abrëll 1987 dräi Studenten an e lëtzebuergesche Professer d’“ Trierer Buch- und Kunstantiquariat“ gegrënnt hunn, konnt kee wëssen, dass aus dësem Nieweberuff fir zwéi vun de Studenten den Haaptberuff sollt ginn. D’Reim an der Tréierer Simeonsstrooss op Nummer 22 waren net kleng, louchen awer e bëssche verstoppt op dem éischte Stack.
Den 1. Januar 1990 hunn sech zwar net d’Geeschter getrennt, mä zwéi Gesellschafter sinn ausgescheet, a verbliwwe sinn de Peter Schwarz an de Peter Fritzen, déi allebéid aus dem Händlerourt Speicher an der Eifel kommen a sech säit der Spillschoul kennen. Bis zum Joer 2008 hunn si zesummen eng GbR gefouert.

Zu engem richtege Geschäft koum et no der Ouverture vum neie Geschäftslokal a beschter touristescher Laach den 2. Mee 1992: D’“Antiquariat am Dom“ an der Sternstraße 4 war eng gemeinsam Plattform fir eng erfollegräich Zukunft. Mam Erfolleg sinn d’Bestänn gewuess, an esou ass den 1. Oktober 2001 en zweete Standuert an der Ostallee 45 opgemaach ginn. Am „Kunsthaus am Museum“ konnten elo déi wäertvoll Bicher a Grafiken ugemiess presentéiert ginn.

Wéinst Differenzen an der respektiver Geschäftsphilosophie koum et den 1. Januar 2008 zu enger Trennung vun der Gesellschaft op déi zwéi Standuerter. De Peter Schwarz, deen am Joer 2015 vill ze fréi verstuerwen ass, gouf eenzege Proprietaire vum „Antiquariat am Dom“ an der Sternstraße, de Peter Fritzen vum „Kunsthaus am Museum“ an der Ostallee.

Antiquariat Fritzen - Geschichte (Schrank)
Am Januar 2011, no 10 Joer Galerietätegkeet, huet de Peter Fritzen d’Konzeptioun vu sengem Butteksgeschäft revidéiert. Expositioune vun zäitgenëssescher Konscht sinn zu Gonschte vum Kärgeschäft an den Hannergrond getrueden, wäertvoll al Bicher a Grafiken – virun allem e grousse Choix vun historesche Landkaarten a Vuë vu Lëtzebuerg – woren vun elo un d’Fondement.

Den 1. Januar 2024 koum et zum Ëmzuch op Speicher/Eifel um Ostrand vum fréieren Herzogtum (Duché) vu Lëtzebuerg.

Antiquariat Fritzen - Geschichte (Bestand)
Antiquariat Fritzen - Geschichte (Werke)