Lëtzebuerg

E spezielle Schwéierpunkt vun eisem Antiquariat leeë mir op alles, wat Lëtzebuerg als Herzogtum an als Groussherzogtum betrëfft (historesch Landkaarten, Vuen, Grafiken, Bicher).
Den éischte Fotograf vum groussherzoglechen Haff, de Lëtzebuerger Charles Bernhoeft, gouf bei eis mat enger eegener Ausstellung vu sengem fotografesche Wierk geéiert.
Nieft e sëlleche private Clienten aus Lëtzebuerg gehéieren och déi meescht kulturell Institutiounen aus dem Land zanter laange Joeren zu eiser Konn.
Dir kënnt eis gäre kontaktéieren, wann Dir prinzipiell un Offeren zum Thema Lëtzebuerg interesséiert oder op der Sich no engem ganz speziellen Artikel sidd.
Zu Lëtzebuerg si mir regelméisseg am Ufank vum Joer op der Antiquaires-Foire um Kierchbierg mat engem Stand vertrueden. Gäre loosse mir Iech eng perséinlech Invitatioun fir dës Foire (mat fräiem Entrée) zoukommen.