Zu menger Persoun

Mäin Numm ass Peter Fritzen. Ech gouf gebuer 1958 zu Speicher an der Eifel. Zu Tréier an zu Wien hunn ech Konschtgeschicht studéiert a sinn zanter 1987 selbstännege Buchantiquaire. Ech si Member vum Verband Deutscher Antiquare (VDA), vun der International League of Antiquarian Booksellers (ILAB) a vun der International Map Collectors‘ Society (IMCoS). Nieft menger Aarbecht als Antiquaire hunn ech bis ewell och eng Rëtsch wëssenschaftlech Aarbechte publizéiert, ënnert anerem iwwert bibliohistoresch Sujeten. Donieft schaffen ech als Expert a wëssenschaftleche Beroder fir Bibliothéiken, Muséeën an Archiver an Däitschland an zu Lëtzebuerg.
Hei e puer rezent Publikatiounen:
– „Der ‚Lutzenburgii typus‘ des Antwerpener Verlages Gerard de Jode: Ein Neufund und neue Erkenntnisse zur ältesten gedruckten Landkarte des Herzogtums Luxemburg.“ Hémecht 60 (2008), S. 173-190 (mit Peter H. Meurer).
– „Die Eifel-Alben der Kunstanstalten Bernhoeft und Schaar & Dathe. Ein Wettlauf um das schönste Foto-Album der Eifel“. Eifeljahrbuch 2010, S. 156-163.
– „Charles Bernhoeft et ses concurrents de Trèves“. In: Thill, Edmond (Hrsg.): „Charles Bernhoeft, photographe de la Belle Epoque.“ Luxemburg: Musée National d’Histoire et d’Art 2014, S. 413-441.
– „Catalogue des albums de Charles Bernhoeft.“ (mit Fernand Gonderinger und Edmond Thill). In: Thill op. cit., S. 621-721.
Fir mech ass et eng Éieresaach d’Bibliothéiken an eiser Groussregioun ze ënnerstëtzen, fir hir Collectiounen opzebauen an ze ergänzen. Als Vizepresident vun der Gesellschaft der Freunde und Förderer der Stadtbibliothek Trier engagéieren ech mech méi speziell fir dës Bibliothéik. Si huet en iwwerregional ausseruerdentlech bedeitenden a wäertvolle Bestand un Handschrëften an Inkunabelen.
Als Parrain vun den Römerstrom Gladiators Trier ënnerstëtzen ech och de Leeschtungssport am Basket an eiser Groussregioun.