Klengen Historique

Wéi de 1. Abrëll 1987 dräi däitsch Studenten an e lëtzebuerger Professer den Trierer Buch- und Kunstantiquariat gegrënnt hunn, konnt kee Mënsch wëssen, datt fir zwee vun de Studenten aus dësem Nieweberuff den Haaptberuff sollt ginn. D’Raimlechkeeten an der Simeonstraße Nr. 22 zu Tréier ware generéis, louchen awer liicht verstoppt um éischte Stack. Den 1. Januar 1990 hu sech dunn zwar net d’Geeschter getrennt, mee zwee Gesellschafter sinn ausgescheet. Bliwwe sinn de Peter Schwarz an de Peter Fritzen, allebéid aus der Uertschaft Speicher an der Eifel. Si hu sech zanter hirer Spillschoulszäit kannt. An der Form vun enger GbR (Gesellschaft bürgerlichen Rechts) blouwe si bis an d’Joer 2008 zesummen.

Laang virdru schonns waren déi zwee mat hirem Antiquariat an den historeschen an touristeschen Zentrum vun Tréier geplënnert. Mat der Ouverture vum Antiquariat am Dom den 2. Mee 1992 an der Sternstraße Nr. 4 krut hirt Geschäft eng ganz aner Visibilitéit. Déi nei Adress war eng gemeinsam Plattform fir eng erfollegräich Zukunft.

antiquariat_Firmengeschichte-3Wat de Succès méi grouss gouf, wat och d’Bestänn méi a méi gewuess sinn. Konsequenterweis gouf dofir den 1. Oktober 2001 e weidere gemeinsame Buttek opgemaach, dës Kéier an der Ostallee Nr. 45. Dat neit Kunsthaus am Museum huet et vun do un erlaabt, déi wäertvoll Bicher a Grafiken an engem wierklech passende Kader ze presentéieren.

Wéinst Differenzen iwwert d’Geschäftsphilosophie gouf den 1. Januar 2008 d’Gesellschaft op déi zwee Standuerter opgedeelt. De Peter Schwarz, deen 2015 vill ze fréi verstuerwen ass, gouf eenzege Propriétaire vum Antiquariat am Dom an der Sternstrasse, de Peter Fritzen krut d‘Kunsthaus am Museum an der Ostallee.

No gutt zéng Joer als Galerist huet de Peter Fritzen am Januar 2011 d’Konzept vu sengem Antiquariat iwwerduecht.

Betount gouf vun elo un méi dat eigentlecht Käergeschäft, Ausstellunge vun aktueller Konscht sinn an den Hannergrond geréckelt, wäertvoll historesch Bicher a Landkaarte koumen an de Mëttelpunkt, absëns e grousse Choix un historesche Landkaarten a Vuë vun an aus Lëtzebuerg.