D’Antiquariat

Am Rez-de-Chaussée vun enger klassescher Villa laanscht enger vun de prächtegen Alleeë vun Tréier bidde mir Iech eng breet Palette vun historesche Landkaarten a wäertvolle Bicher. Eis Offer zeechent sech besonnesch aus duerch e grousse Choix u grafesche Wierker aus dem Raum Lëtzebuerg an Tréier. E spezielle Schwéierpunkt leeë mir och op rar a wäertvoll Bicher aus der Zäit vum 15. bis 18. Joerhonnert. Mir si gäre bereet, Iech beim Opbau a bei der Ergänzung vun Ärer privater Collectioun ze beroden. Grad esou sti mir Iech gären zur Säit, wann et drëms geet, e klengen oder representative Cadeau auszesichen. Eng Parkplaz waart op Iech an eisem Haff.
Mir si stänneg drun interesséiert, komplett Bibliothéiken a wäertvoll eenzel Wierker ze kafen.
Mir freeën eis op Äre Besuch!