Ukaf an Déngschtleeschtungen

Ukaf

Um Ukaf vu wäertvollen ale Bicher, historesche Landkaarten vum 16.-18. Joerhonnert a Luxemburgensia sinn ech ëmmer interesséiert. Rufft mech wannechgelift un oder schreift mir eng Mail mat Informatiounen iwwer d’Objeten oder d’Sammlung, déi Dir verkafe wëllt.
Antiquariat Fritzen: Ankauf und Dienstleistungen (e)

Kulturhistoresch Déngschtleeschtungen

Ech beroden Iech gär beim Opbau an der Fleeg vun Ärer Sammlung. Op Wonsch vertrieden ech Iech op den nationalen an internationale Steeën, fir dass Dir als Collectionneur anonym bleiwe kënnt.

Op Wonsch an no Ofsprooch kann ech Är Collectioun an engem Katalog erfaassen, sief et an digitaler Form oder als Grondlag vun enger Drockfaassong.

Am Laf vun de vergaangene Joerzéngten kucken ech op eng räich Experienz bei der Expertise vun Archivalien, Bicher a Grafiken zréck. Als Expert a Beroder stoung a stinn ech am Déngscht vu lëtzebuergeschen an däitschen Archiven, Bibliothéiken, Muséeën, Firmen a Privatpersounen.

Antiquariat Fritzen: Ankauf und Dienstleistungen (a)
Antiquariat Fritzen: Ankauf und Dienstleistungen (b)
Antiquariat Fritzen: Ankauf und Dienstleistungen (c)
Antiquariat Fritzen: Ankauf und Dienstleistungen (d)