Lëtzebuerg

Antiquariat Fritzen - Le duché de Luxembourg
E besonnesche Schwéierpunkt a mengem Antiquariat läit op Landkaarten, Vuë vu Stied a Bicher, déi d’Groussherzogtum Lëtzebuerg a säi Virgänger, d’Herzogtum Lëtzebuerg (Duché de Luxembourg) betreffen.

Dem Lëtzebuerger Haff-Fotograf Charles Bernhoeft a sengen Tréierer Konkurrenten Schaar & Dathe hunn ech 2009 eng extra opgebauten Expositioun gewidmet, déi e grousse Succès hat, an ech hunn um Opus magnum zu senger Aarbecht (Charles Bernhoeft, photographe de la Belle Époque, Luxembourg 2014) matgeschafft.

Bal all Institutiounen a vill Privatpersounen zu Lëtzebuerg gehéiere säit Joerzéngten zu menge Clienten.

Wann Dir am Allgemengen interesséiert u Propositioune sidd, wat Lëtzebuerg betrëfft, oder wann Dir speziell Suchwënsch hutt, da kontaktéiert mech wannechgelift. Um Ufank vun all Joer stellen ech op der Konscht- an Antiquitéitsfoire (Foire des Antiquaires) zu Lëtzebuerg um Kierchbierg aus. Ech freeë mech, Iech eng perséinlech Invitatioun mat fräier Entrée fir zwou Persounen ze schécken.